Ausstellung #mäiPatrimoine

Publié le 27/04/2021
Dräi vun eise Klassen aus dem Lycée Josy Barthel hu beim Projet #mäiPatrimoine vum Casino Display matgemaach.
D’2G-A3D, d’3CG-URBS an d’BTS Professions immobilières B1PI weisen hier Aarbecht zesumme mat villen anere Bäiträg aus dem Lycée des Arts et Métiers vum 30.04 – 09.05 am Casino Luxembourg.
Vun Architektur iwwer Kachrezepter vun der Bomi bis hin zum Ofholze vum Reebësch weisen d’Schüler an d’Schülerinnen, wat hinne wichteg ass.
56 vun iwwert 150 Installatiounen, Fotoen,Internetsitten a Videoe ginn an dësem Zäitraum gewisen.

https://www.casino-luxembourg.lu/…/Expos…/-MaiPatrimoine