Science for Kids – fir Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul
Mir experimentéieren zesummen an deenen 3 naturwëssenschaftleche Fächer: Biologie, Chimie a Physik (et hëllt een automatesch un deenen 3 Atelieren Deel). Zum Deel kréien d’Kanner Experimenter gewisen, zum Deel dierfen si se selwer maachen, dat ganzt ënnert der Leedung vun de Biologies-, Chimies- a Physiksproffen aus dem Lycée Josy Barthel vu Mamer. Op déi Manéier kréien d’Kanner net just en Abléck an d’Aarbechtsweis vun den Naturwëssenschaftler, a léieren sou munches Interessantes bäi, mee si hunn och d’Méiglechkeet schonn mol eise Lycée kennen ze léieren, an zesummen mat Enseignanten a Schüler aus dem LJBM ze schaffen.