En Donnschdeg, de 27. Mäerz war d’7MO1 mat der Madame Véronique Museur am Stater Casino, fir ënner aneren un engem Post-it-Workshop deelzehuelen.
Fir d’Feierlechkeete vun “10 Joer Mamer Lycée” ofzeschléissen hate mir eis eppes ganz Besonnesches afale gelooss: Eng grouss Schülerparty an eiser Schoul. Ronn 300 Schüler waren do, et gouf bis Mëtternuecht gedanzt a sech ameséiert, selbstverständlech ouni Alkohol. Natierlech duerft …
Am Kader vun engem Sensibiliséierungsprojet waren d’Schüler vun der EDIFF-Klass mat der Madame Joëlle Jungbluth an der Madame Jackie Wagner den 31. Mäerz op Besuch bei Luxembourg Air Rescue.
En Donneschdeg, de 26.09. war de Vernissage vun der Ausstellung vum Mamer Lycée zum Thema vum neie Projet d’établissement “Look who’s reading”. Dir kënnt d’Ausstellung nach bis de 5. Oktober kucke goen. Mir invitéieren och op déi divers Aktivitéiten, déi …
D’Schüler vun der 10TG1 hunn um Enn vum zweeten Trimester zesumme mat de Sportsproffen Nathalie Lamborelle a Christian Weber e Mountainbike-Tour organiséiert, bei deem et während 12 km duerch d’Mamer Bëscher goung. Klickt op d’Foto, fir all d’Fotoen ze gesinn!
Den LJBM mécht déi nächst zwee Joer bei engem neie Comenius-Projet mat, zesumme mat Partnerschoulen aus der Belsch, Spuenien, Polen an Däitschland. Dat éischt Treffen am Kader vun dësem Projet war vum 14. bis den 19. Oktober zu Baza a …
Lëtzebuerg, repräsentéiert vun de sechs Finaliste vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschafts-Olympiad (dorënner d’Daphne Prosser aus dem LJBM), huet sech op der EUSO (European Union Science Olympiade) zu Athen gutt geschloen: Eis Schüler kruten eng Sëlwer- an eng Bronzemedaill an hu Länner …
Après avoir obtenu son diplôme de fin d’études secondaires classiques, notre élève Jerry Hilgert (à droite sur la photo) vient d’effectuer, avec d’autres jeunes de l’Athénée de Luxembourg, un bénévolat prolongé en Afrique. Lisez ici le rapport rédigé par Jerry …
Den Alessandro Bega (13GE) an de Kevin de Lima (3CM1) kruten dëser Deeg den Zertificat “Europass Mobilité” iwwerreecht. Déi zwee Schüler haten am Schouljoer 2011-2012 resp. 2012-2013 während dräi Méint un engem Comenius-Schüleraustausch a Spuenien deelgeholl. D’Zertificaten sinn iwwerrecht gi …
Am Kader vum Projet d’établissement ‘Look who’s reading’ hu mer e Freideg, den 8. November eng Liesnuecht fir d’Schüler vun der 6e an der 8e an der Bibliothéik vum Lycée organiséiert. Si krute virgelies, hu selwer virgelies, duerno zesummen do …