Erneierbar Energien am LJBM

Publié le 04/07/2024

Am Kader vun eisem Motto “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.” gouf eng Table ronde iwwert erneierbar Energien am LJBM organiséiert. Fir eis Schüler maximal mat anzebannen, hunn d’Schüler aus de Klassen 2GA3D an 2GIG an hire Sproochecoursen bei der Madamm Scheiden an der Madamm Alegria d’Froe fir dës Table ronde selwer ausgeschafft. Invitéiert waren den Här Murruco (Mouvement écologique), den Här Kraus (Soler), den Här Zens (Eurosolar), den Här Reding (Ministère de l’Énergie) an den Här Christnach (CREOS). Si hu mat vill Begeeschterung a Fachwëssen op all d’Froe geäntwert an eis Schüler dozou bruecht, sech fir dësen aktuelle Sujet z’interesséieren. Mir soen eisen Invitéen an all deene bedeelegte Proffen a Schüler e grousse Merci. Eurosolar soe mir Merci fir d’Gruppefoto.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes