2 Virträg iwwert Alzheimer a Parkinson

Publié le 07/06/2024

Op der 3GPS steet ënner anerem den Nervesystem am Fach „Humanbiologie” um Programm. A fir dass eis Schüler hir Theorie aus dem Cours och mat der Praxis kënne verbannen, hunn hir Biosproffen, d’Madamm Krier an den Här Krischler, 2 Virträg vun externen Experte fir hir Klass organiséiert. An deem 1. Virtrag ass et ëm d’neurologesch Krankheet Alzheimer gaang, et gouf vill iwwert déi sozial an och mental Problemer vun de Patienten am Alldag geschwat. Am 2. Virtrag ass et ëm d’Krankheet Parkinson gaang, an hei hunn d‘Schüler méi iwwert de medezineschen Hannergrond geléiert an och d’Tester gewise kritt, déi mat de Patiente fir d’Diagnos am Alldag gemaach ginn. E grousse Merci geet un d’ALA (Association Luxembourg Alzheimer) an un déi zwou Fuerscherinne vu “Parkinson Research Clinic” an “Faculty of Science, Technology and Medicine” vun der Uni.lu, fir hir immens interessant Erklärungen zu dëse Krankheeten, déi leider ëmmer méi heefeg ginn.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes