3 gutt Resultater op de LuxSkills

Publié le 08/05/2024

Am nationalen Handwierker- a Beruffsconcours „LuxSkills“ sinn am Beräich Carrelage mam Valentin A. M. an dem Rostyslav K. aus der DC1CRF zwee Gewënner aus dem LJBM ervirgaang. Ee weidere jonken Handwierker aus där Klass, den Adam R., gouf och geéiert. Hien hat zwar déi héchste Punktzuel erreecht, konnt awer wéinst sengem Alter net um Concours deelhuelen. Um Festowend an der “Luxexpo The Box” krute se hir Auszeechnung souwéi e Kaddo iwwerreecht.
Ënnerstëtzt a begleet goufen déi jonk Talenter vun hiren Enseignanten aus dem LJBM, dem Här Dechmann an dem Här Barzacca. Mir gratuléieren hinnen alleguer fir dëse flotten Exploit!

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes