Erasmus+: Cultural foodprints

Publié le 12/01/2024

Vum 5. bis den 11. November 2023 ware 6 Schüler vu 4e (4C a 4GA3D) aus dem LJBM zu Hoogstraten an der Belsch, wou si um éischte Meeting deelgeholl hunn, deen am Kader vun eisem neien “Erasmus+”-Projet organiséiert ginn ass. D’Schüler ware bei enger Gaaschtfamill ënnerbruecht an hu wärend enger ganzer Woch u verschiddenen Aktivitéiten a Visitten deelgeholl, zesumme mat Schüler aus der Belsch, awer och Schüler aus eise Partnerschoulen aus Däitschland a Spuenien.
Déi ganz Woch huet sech ëm d’Theema „Cultural foodprints – Searching for cultural traces of migration” gedréint. Um Programm stoungen – nieft sëllegen Aktivitéiten an eiser Partnerschoul, dem Institut Spijker zu Hoogstraten – och Visitten zu Beringen am Limburg an zu Antwerpen. Eis Schüler haten eng erliefnes- a léierräich Woch. E puer Andréck fënnt een ënnert follgendem link:
https://youtu.be/2vUGQ6UbXNo?feature=shared
Mir freeën eis elo schonn, fir d’Delegatiounen aus eise Partnerschoulen vum 18. bis de 24. Februar 2024 bei eis zu Mamer am LJBM begréissen ze kënnen.