Slam-Workshop mam Institut français

Publié le 09/01/2024

Zwee « Slameurs » vum Institut français du Luxembourg waren am Dezember am LJBM op Besuch. D’Schüler vun der 5e hunn an engem Workshop e Gedicht zum Theema Fridde verfaasst. Si hunn d’éischt Zongebriecher an Übunge fir d’Stëmm matgemaach, duerno krute si d’Zäit, en eegenen Text ze schreiwen. Déi 2 Formateuren hunn eis Schüler encouragéiert, de Gefiller fräie Laf ze loossen a mat de Wierder ze spillen. Zum Schluss hunn d’Schüler alleguer am Festsall hir Gedichter virgedroen. Et war en immens flotte Moment, an deem jiddereen houfreg op seng Aarbecht a säi couragéierten Optrëtt konnt sinn.