Ausfluch an d’Adventure Valley

Publié le 31/07/2023

Als Ofschloss vum Schouljoer huet d’Optioun Sport en Ausfluch an d’Adventure Valley Durbuy an der Belsch gemaach. Mat flotten Outdooraktivitéiten wéi Héichseelgaart, Kayak, Spéleo an Tubing goungen déi 2 Deeg séier iwwert d’Bün. Doniewent hunn d’Schüler vun der Schwämm an dem Beachvolleyball profitéiert. Et war e flott Erliefnis an eng Belounung fir de ganze Grupp vun der Optioun Sport.