Back

2GIG: TP Kundtsche Röhre

Publié le 21/06/2023

De leschte Mëttwoch hunn eis Schüler vun der 2GIG mat hirem Enseignant an der Physik d’Schallgeschwindegkeet unhand vum Versuch « Kundtsche Röhre » ermëttelt. Heibäi gëtt de Buedem vun engem Glasrouer mat Korkmiel bedeckt. Op engem Enn vum Rouer steet e Lautsprecher, dee Schallwelle vun 2’000 Hz erzeugt, déi op där anerer Säit reflektéiert ginn an et entsti stoend Wellen. D’Wellelängt kann dann unhand vun deene Kniet (Korkmiel beweegt sech net) a Bäich, déi sech dobäi bilden, ermëttelt ginn. Mat der Frequenz an der Wellelängt ka schliisslech d’Schallgeschwindegkeet berechent ginn.

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade