Besser als Team fonctionéieren

Publié le 21/02/2023

D’4CCL2 war 2 Deeg zu Huelmes, fir den Ekippegeescht ze fërderen. No engem Escape Game am Mariendall hunn d’Schüler duerch de Bësch missen eng Rëtsch Aktivitéite bewältegen, ier se an der Buerg zu Huelmes ukomm sinn. Do war den Teamgeescht weider ugesot, well se e ganze Menü selwer preparéiert hunn, fir uschléissend e wuelverdéngtent Iessen am Rittersall ze genéissen. Hir Regente hat dunn nach eng kleng Nuetswanderung organiséiert. Den anere Moie kruten d’Schüler d’Buerg nach méi genee gewisen. Jidderee konnt sech an dësen 2 Deeg vun enger anerer Säit entdecken an dat Ganzt ass sécher eng Beräicherung fir d’Zesummeschaffen an der Klass.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes