Den LJBM bei de Street Angels

Publié le 13/01/2023

D’Schüler vun der 5G1S hu fréi am Schouljoer hire Wonsch geäussert, e soziale Projet op d’Been ze setzen, fir eppes Guddes un d’Gesellschaft zréckzeginn. Hire Choix ass op d’Asbl Street Angels gefall, déi de Léit, déi op der Strooss liewen, ënnert d’Äerm gräift. D’Schüler vun der Mosaikklass hu sech dësem Projet dunn ugeschloss an zesumme gouf am Mamer Lycée en Opruff zu enger Kollekte vu waarme Kleeder gemaach. E Méindeg, 19.12., si Bréidercher geschmiert an ass Zopp gekacht a Schockela verpaakt ginn, éier sech déi ganz Ekipp mat den Enseignanten op de Wee op Bouneweg gemaach hunn. 20 Sans-Abrie konnten esou deen Dag gehollef kréien. Mir soen der Madamm Kohl an hirer Equipe vun de Street Angels villmools Merci a mir versichen och weiderhin am Kader vum “Josy helps!” bei hinnen aktiv ze ginn.

 
 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes