En Dënschdeg, den 22.11., hunn d’Schüler vun der Klass 1TPGC1 eng Visitt an de “Benu Village Esch” gemaach. Hei
hu si d’Grondgedanke vun dësem Projet erkläert kritt; en Ekoduerf no de Reegele vun der “économie circulaire”, dat eng Plattform soll gi fir divers Performancen a Leeschtungen, wéi z. B. eng Plaz, wou lokal Kënschtler hir Produite kënnen ubidden, e Restaurant mat lokalem Bio-Iessen a sozialverantwortlech Kleederproduktioun. Doriwwer eraus ass et eng innovativ Lokalitéit fir Presentatiounen a Workshoppen.
Wärend der Besichtegung vum Chantier vun dësem neie Site, deen als Upcyclingduerf wäert konzipéiert ginn, hunn d’Schüler Informatiounen zu engem alternativen a méi nohaltege Baue kritt. Hei goufen Theme wéi Cradle2Cradle-Baukonzepter, nohalteg Energie- a Waasserkonzepter souwéi lokal-participativ Bauprojeten ugeschwat. Méi Informatiounen zum Projet:
www.benu.lu
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2022/12/IMG_81221-1024x771.jpg)
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2022/12/IMG_80601-1024x765.jpg)
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2022/12/IMG_81201-1024x778.jpg)
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2022/12/IMG_78811-763x1024.jpg)
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2022/12/IMG_81221-1-1024x771.jpg)
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2022/12/IMG_81201-1-1024x778.jpg)