Volleyball-Championnat vun der LASEL

Publié le 05/12/2022
En Donneschdeg, de 24.11., war den LJBM um Volleyball-Championnat vun der LASEL bei de Cadet(te)s vertrueden. Et ware flott Matcher, mee leider ass et fir eis Ekipp net duergaangen, fir sech fir d’Finallen ze qualifizéieren – eis Géigner waren deen Dag einfach ze staark. Merci eisen engagéierte Schüler Noemi, Aidan, Erin, Nejla, Riko, Gonçalo a Gwen, déi e gudden Turnéier gespillt hunn.