LTS Hackathon 01/07 – 03/07

Publié le 07/07/2022
D’Léa, den Nathan, den Damien an de Misael aus der 3CB hunn de leschte Weekend un engem LTS-Hackathon zum Thema “Smart Banks for Life” deelgeholl, dee vun e Freideg 18:00 Auer bis e Sonndeg 16:00 Auer gedauert huet. Si hu flott Handyapps entwéckelt, déi jonke Leit hëllefe sollen hir Ausgaben am A ze halen (a Collaboratioun mat Geschäfter a Banken), bestëmmten Akafswënsch ze plange respektiv sécher Investissementer ze maachen a gläichzäiteg méi gewuer ze ginn iwwer d’Inflatioun an Aktien.