D’12GE1 ZU HAMBURG

Publié le 02/07/2017

D’Schüler vun der 12GE1 ware vum 3.7. – 6.7. op enger Studiërees zu Hamburg. Si waren a Begleedung vun hirer Engleschproff, der Madame Diane Neises, an hirem Physiksproff, dem Här Marco Majerus.Si hunn eng Stad erlieft, déi sech op den G20-Gipfel preparéiert huet a waren impressionnéiert, wéi eng Envergure esou en Evenement op eng Stad a seng Awunner kann hunn.Si haten eng gutt Zäit mat flotten Aktivitéiten wéi engem Besuch am „Dungeon’’, dem „Miniaturwunderland’’, dem „Planetarium’’ souwéi engem russeschen U-Boot, dat als Musée ëmfunktionéiert ginn ass. Um Programm stoung och nach eng Stadtrundfahrt an eng Hafenrundfahrt. Nach e spezielle Merci un den Fränk Prim fir déi excellent Organisatioun vun dëser Rees! Marco MAJERUS – 07/2017