PLOOSCHTERPROJET

Publié le 06/07/2018

Op Initiative vun der 8STP2 war de 6. Juli de Plooschterprojet bei eis am Lycée fir nei Stammzellespender ze registréieren. Insgesamt hu sech 121 Schüler, Enseignanten a Memberen vum Personal als potentiell nei Spender agedroen! Außerdem wollten d‘Schüler vun der 8STP2, déi selwer nach ze jonk sinn fir sech registréieren ze loossen, och e klenge Geste maachen an hunn op dem Dag 108,30€ mat hirem Kucheverkaf gesammelt a gespend.
Den Dag war also e vollen Erfolleg an dowéinst e grousse Merci u jiddereen! Diane SCHROEDER – 07/2018