PRESENTATIOUN VUM MERITE JEUNESSE

Publié le 02/10/2018

Freides, den 26. September, gouf de Mérite Jeunesse virun 200 Schüler am LJBM presentéiert. D’Schüler hu geléiert, dass dësen internationalen Programm an d’Liewen geruff gouf, fir si an hiren Interessien ze ënnerstëtzen. Matmaache ka jiddereen tëschent 14 an 25 Joer, dee bereet ass Sport ze dreiwen, sech bénévol ze engagéieren, un engem Talent ze schaffen an eng Kéier eng Expeditioun duerchzeféieren.

Vill Schüler hu festgestallt, dass si schonn eng, zwou oder souguer dräi Ufuerderungen erfëllen an domadder onbewosst um gudde Wee sinn den Mérite Jeunesse ofzeschléissen.

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes