WORKSHOP “BDen, Comics a Videoen zum Thema Nohalteg Entwécklung selwer entwerfen”
Publié le 11/10/2018Am Kader vum Josy Helps! plange mir an deenen nächste Wochen eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema “Nohalteg Entwécklung” bei eis am LJBM ze lancéieren. Dofir luede mir jiddereen, deen interesséiert ass, e Méinden, den 30.4., vu 14h20-16hfir e Workshop an d’Cantine an. Hei kanns du selwer aktiv ginn, déng Iddien zum Ausdrock bréngen a léiere cool a witzeg BDen, Comics a Videoen zu den ënnerschiddlechsten Themen (Offall, mam Velo an d’Schoul, Papeierverschwendung, Recycling, …) ze gestalten. Dëse Message riicht sech un 1. Stell un d’Josy-Ëmwelt-Spezialisten, mee jiddereen, deen interesséiert ass, ass wëllkomm. Wann dir nach Froen hutt, zéckt net iech ënner der E-Mail-Adress pe[at]ljbm.lu ze mellen. D’Josy Helps!-Team – 04/2018