E Mëttwoch den 13. November huelen d’Klassen 2e CGURBS (LJBM), 3e CGURBS (LJBM) an 2e INT (LML) um Workshop Day Frozen Ground Cartoon deel. Dësen Dag gëtt organiséiert vu polar.lu, dem FNR an dem SCRIPT. Geleet gëtt dat Ganzt vum Tania Gibéryen, Responsabel vun der „éducation au développement durable“ vum SCRIPT a Presidentin vu polar.lu.
De Fréderique Bouchard, d’Josefine Lenz an d’Charlotte Haugk, Arktisforscher, si fir dësen Dag invitéiert a wäerten eise Schüler d’Zesummenhäng vum Permafrost, dem Développement durable an hirer scientifiquer Aarbecht am Québec méi no bréngen.
Falls dir Interesse um Projet krut, kënn dir gären dësen Dag laanscht kommen oder op der Internetsäit https://frozengroundcartoon.com Iech d’Saach ukucke goen.