Lëscht Schouljoer huet d’Team vum ALLES OP DE VELO zesumme mam JOSY HELPS! Team den Dokumentarfilm GRAND H! vum Frédérique Buck finanziell ënnerstëtzt. An dësem Film gëtt d’Flüchtlingspolitik hei a Lëtzebuerg méi genee ënnert d’Lupp geholl a wichteg Personnagë vum Terrain (e.a. den Ausseminister Jean Asselborn) kommen zu Wuert. De Film ass elo am Hierscht puer Wochen erfollegräich am UTOPIA gelaf. D’Mme Buck an hir ganz Equipe kommen en Méindes de 17ten vun 10-12h fir de Film ze weisen an dono eng Diskussioun ze féieren.
Héi de Link.