Visitt vum Fonds de Belval

Publié le 27/11/2023

De Site vum Belval ass eenzegaarteg a senger Konzeptioun, eng harmonesch Mëschung tëschen Industrie, Konscht a moderner Architektur. Am Kader vum Geschichtscours vum Kapitel iwwert d‘Industrialiséierung, hunn d‘Schüler, vun de Klasse 5GS1, 5G2 a 5G4, vill Interessantes iwwert dëse Patrimoine geléiert. Nieft enger flotter an interessanter Visitt iwwert den historesche Belval, hu mir eis och d’Entwécklung an d’Iddi vun der „Cité des Sciences“ méi genau ugekuckt. Mir kruten och d’Geleeënheet den Opbau an d’Funktiounsweis vun engem Héichuewen nozevollzéien. Zum Ofschloss si mir alleguer op 40 Meter op den Héichuewen eropgeklommen, hei hate mir ee schéine Bléck op de Belval.

Mir soen de Guidë vum Le Fonds Belval (www.fonds-belval.lu) ee grousse Merci!

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.