D’Klass 2CG URBS-COMED organiséiert, no hirer Klasserees op Florenz am Kader vum Architektur-Cours, eng Soirée architecturale. Bei dësem Event presentéieren e puer Architektur-Professeren aus dem LJBM jeeweils 1 Bauwierk bannent 6 Minutten a bréngen hir Passioun sou zum Ausdrock. D’Soirée dréit den Titel: “L’architecture, une question de passion” a wäert de 16. Juni am Festsall stattfannen, vun 18:30 bis 22:00 Auer. Jiddereen ass häerzlech agelueden deelzehuelen. Mir géifen eis freeën, fir Iech op der Soirée begréissen ze dierfen.