Sécherheet a Gesondheet am Bauwiesen
Publié le 11/06/2015Zënter 2008 gëtt d’Planung an d’Gestioun vum Volet Sécherheet a Gesondheet op de Chantieren iwwert e Règlement Grand-Ducal bestëmmt. D’Bauhären an d’Bauentreprisen si verpflicht, e Plan de sécurité et de santé ze erstellen a ginn dobäi vun engem Coordinateur ënnerstëtzt. Fir d’Bautechnikerschüler vun den Ofschlossklasse fir dëst Thema ze sensibiliséieren, war de 14. November bei eis e Virtrag vun der Madame Angéline Prévot, Ingénieure en génie civil an Administratrice déléguée vu “Géri Management S.A.”. Mir soen der Madame Prévot e grousse Merci fir hiren intressantene Virtrag. D’Schülerinnen an d’Schüler vun den T3GC-Klasse wäerte während deene leschten zwee Semester vun hirer Ausbildung intensiv dru schaffen, fir hir Kompetenzen an der Sécherheets- an an der Gesondheetsplanung ze erweideren.