Science for Kids 2014
Publié le 11/05/2014Méi wéi 100 Schüler aus dem 5. a 6. Schouljoer hu bei der Editioun 2014 vu “Science for Kids” am Mamer Lycée matgemaach. Op den Nomëtteger vum 3. Juni an dem 19. Juni konnte si an de Spezialsäll vum Departement vun den Naturwëssenschafte flott Experimenter maachen aus dem Beräich vun der Chimie, der Physik an der Biologie.