Recycling@Makerspace

Publié le 16/03/2022
Fir d’Nohaltegkeet am Makerspace ze fërderen, hunn d’Schüler aus dem Makerspace (7ième, 6ième & 4ième) eng Recycling-Këscht gebaut. Nom Plangen ass d’Këscht am 3D um iPad (Shapr3D) gezeechent a mat Mixed reality (MR) projezéiert ginn. D’Holz huet den Holzatelier op Mooss geschnidden an d’Schüler hunn d’Këscht du fläisseg zesummegebaut. Fir eng besser Kennzeechnung sinn d’Holzbuschtawe mat der CNC-Fräs gefrääst a lackéiert ginn. Dëse Projet erlaabt et, besser am Makerspace ze recycléieren, an huet d’Schüler vun der Planung bis zum Bau op ënnerschiddlech Aart a Weis gefërdert.