Rallye “TEAMBUILDING”

Publié le 23/09/2019

De SePAS an de Service Educatif vum Lycée Josy Barthel hunn ab dësem Schouljoër de gemeinsame neie Projet „Teambuilding“ gestart.

Vum 23. bis de 25. September hunn sech 8 Klassen (7C an 7G) zesumme mat hierem Régent op de Wee gemaach an hunn op engem flotten Trëppeltour vun 8 km op vereenzelte Statioune hieren Teamgeescht bewisen.

Bei engem klengen Feier op der Mamer Drëps konnten sech eis Schüler e bëssen wiermen an hiere Picknick genéissen.