Projet „LJBM-Chrëschtbeemchen“
Publié le 16/12/2019Wärend de Feierdeeg wäerte ronderëm d‘Schoulgebai e puer schéi Chrëschtbeemercher stoen. An onsen Atelieren hunn d’Schüler vun de Klassen 5 AD1/2, 5 P1/2, 5G1 a 5G2 zesumme mam Här Hartmann fläisseg um Projet „LJBM-Chrëschtbeemchen“ geschafft. D’Schüler, déi virdrun nach ni eng Zill oder Speis am Grapp haten, hu mat vill Freed eng formidabel Dekoratioun fir ons Schoul fäerdegbruecht.