Presentatioun vun der FJSL
Publié le 12/12/2023De 24.11. hu sech d’Schüler vun de Klasse 5G1S, 4GIG, 4G3S, 4GA3D1, 4GA3D2, 3GIG, 3GA3D, 3CB, 3CC an 2CC am Festsall vum Lycée Josy Barthel versammelt a krute vum Dr. Guillaume Trap, Koordinator vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg (FJSL), e flotte Virtrag presentéiert. Den Här Trap huet gewisen, wéi ee schonns als Schüler de Gout fir d’Wëssenschaften iwwert wëssenschaftleche Phenomeener an Experimenter kréie kann a wéi dann den Intressi fir e wëssenschaftlecht Studium an e spéidere Beruff am Beräich vun den Natur- an Ingenieurswëssenschaften entstoe kann.
Schonn e puer Mol hu Schüler aus dem Lycée Josy Barthel hir flott Projeten am Kader vun dem Nationale Concours fir Jonk Fuerscher virgestallt, esou z. B. 2021 de Lucan Nooi (https://www.facebook.com/fjs.lux/posts/1046358056177618/), 2023 den Eymen Esmer zur Energiegewënnung beim Zufoussgoen (https://fjsl.lu/news/results) an de Kevin Freitas iwwer den Impakt vun AI op d’Gesellschaft (https://www.youtube.com/watch?v=II65XuNoHSQ)
Weider Informatiounen op: https://fjsl.lu/activities/njfcontest