Participatioun « Model European Parliament »

Publié le 08/05/2019

Vum 6. bis den 8. Mee ware siwe Schüler vum Lycée Josy Barthel beim „Model European Parliament“, dat vum Lycée Aline Mayrisch organiséiert gouf, dobäi.

Deelgeholl hunn d‘Emma Kandonou , d‘Laura Carnevale, den Jimmy Varela, d’Daniela Cabral, d‘Catarina Gomes, d’Yaëlle Cuny an d’Lara Botticelli. Wärend zwee Deeg hu si an hire verschiddene „Commitees“ Fuerderungen zu Sujete wéi „Gender Equality“ an „Climate Policy“ op Englesch ausgeschafft. Dës Gesetzesvirschléi goufen de leschten Dag an der Parlamentssëtzung, déi am Hémicycle vum Centre Robert Schuman um Kierchbierg stattfonnt huet, virgestallt an debattéiert. Duerch den Evenement konnten eis Schüler net nëmme méi iwwert de Fonctionnement vun der Europäescher Union an de Werdegang vun demokratesche Prozedure kenneléieren, mee och vill nei Kontakter mat Participanten aus dem ganze Land knäppen.

Mir soen den Organisateure villmools Merci fir d’Invitatioun an hoffen och d’nächst Joer dobäi ze sinn.

Yves Meyer

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.