Am Kader vun hirem Klasseprojet, krut d’6CCL2 Besuch vum Marie-Jeanne Pascucci vun Oxygène, dem Informatiouns- a Consultatiounsservice fir Meedercher a jonk Frae vu Femmes en détresse. D’Madamm Pascucci huet mat der Klass iwwer Gewalt geschwat an d’Schüler kruten d’Geleeënheet hir Froen zum Thema ze stellen.