Op Besuch am Dikkrecher Militärmusee
Publié le 11/06/2015Am Cader vum Däitschcours hunn d’Baufachklassen 02BA1, 02BA2 an 02DB1 ënner Begleedung vun hiren Enseignanten Tun Hartmann (Bâtiment) an Anne-Marie Peller (Däitsch) en Ausfluch op Dikkrech gemaach. Moies stoung eng Visite guidée um Programm, mam Schwéierpunkt Zweete Weltkrich an Ardennenoffensiv. Anhand vu sëllechen Artefakten an de Liewensleef vun amerikaneschen an däitschen Zaldote konnten d’Schüler hir am Cours gewonne Grondkenntnisser erweideren. Besonnesch begeeschtert ware si vun de realitéitstrei nogestalltenen Zeenen, déi d’Liewe vun der Bevëlkerung weisen. Nomëttes goung et dunn an den Automobilsmusee, wou historesch Gefierer ausgestallt sinn, an zum Ofschloss an de Musee vun der Brauerei.