Mam Tandem an den Äischdall

Publié le 25/10/2021

An der Optioun Life Science hunn d’Schüler vun der 2CC eng Sortie an d’Natur gemaach. Een Deel vum Wee gouf mam Tandem zréckgeluecht fir bei verschidde Quellen ze kommen (natierlech Quellen, gefassten Quellen souwéi puits artésiens) an och, fir d’Méandres vun der Mandelbaach, déi an d’Äisch leeft, ënnersichen ze kënnen. Dono hunn d’Schüler sech zu Fouss op de Wee op d’Reiterlay gemaach, fir vun do aus e gudden Aussiichtspunkt vum Äischdall ze hunn an d’Geomorphologie z’analyséieren. Ënnerwee gouf och de Sandsteen mat all sengen Eegeschaften analyséiert, genee sou wéi d’Fossilien, déi d’Schüler aktiv gesicht an och fonnt hunn. Déi net geplangte Begéignunge mat Kriibsen a Fräschen hunn dës Sortie nach méi spannend gemaach!

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.