E Freideg, den 29. September, waren d’Klassen 3GIG an 3CBC mat hire Physiks- a Chemiesproffen op d'”Luxembourg International Science Expo”. Op iwwer 50 verschiddene Stänn konnten eis Schüler sech Fuerschungsprojete vun anere Schüler, Studenten a Wëssenschaftler ukucken a mat hinnen a Kontakt trieden. Et gouf op villen Stänn d’Méiglechkeet, sech interaktiv ze bedeelegen a mat Hëllef vu Virtual Reality och an eng aner Welt anzedauchen.