LJBM-Schülerparty
Publié le 11/05/2014Fir d’Feierlechkeete vun “10 Joer Mamer Lycée” ofzeschléissen hate mir eis eppes ganz Besonnesches afale gelooss: Eng grouss Schülerparty an eiser Schoul. Ronn 300 Schüler waren do, et gouf bis Mëtternuecht gedanzt a sech ameséiert, selbstverständlech ouni Alkohol. Natierlech duerft och de grousse Gebuertsdagskuch, deen d’Form vun eisem Lycée hat, an de Public-Viewing vun der WM-Halleffinal net feelen. Fir d’Sécherheet huet eng professionnell Sécherheetsfirma gesuergt.