Internationale Comenius-Meeting am LJBM

Publié le 11/05/2014

Vum 13. bis den 18. Januar war an eisem Lycée en internationale COMENIUS-Meeting am Kader vum aktuelle COMENIUS-Projet “School against racism – Music for mutual respect”. Mat derbäi ware 17 Schüler an 8 Proffen aus eise Partnerschoulen aus Spuenien, Polen, Däitschland an der Belsch, souwéi 18 Schüler an 9 Proffen aus dem Mamer Lycée. Um Programm stounge verschidden Atelieren a Presentatiounen am Lycée, mee och Ausflich a kulturell Visiten (Veianen, Stad, Kierchbierg, Philharmonie).