HELPDESK iHelpU
Publié le 30/03/2018Mat der Initiativ « iHelpU » huet de Lycée Josy Barthel elo en eegenen Helpdesk vu Schüler fir Schüler. Sechs Fräiwëlleger aus de Klassen 3CC a 4GTG maachen ab Ouschteren eng Permanence an hëllefen de Schüler aus dem Cycle inférieur, awer och soss allen Intresséierten, bei eventuelle Problemer mam iPad. Nom Virbild vun der Apple « Genius Bar » sinn déi folgend Schüler als Expert am Asaz: Louis Weber, Pierre Prickaerts, Lucas Van den Abeele, Quentin Carré, Leo Sehl (vu lénks no riets, feelt op der Foto: Luca Brachmann). Jean-Luc GLEIS – 03/2018