Forensik fir eis Nowueswëssenschaftler
Publié le 27/02/2023D’Schüler vun der 6G1S, enger vun eise Scientifiquesklassen, hunn an der Optioun “Wëssenschaften” e klengen Abléck an d’Forensik kritt. Um Programm stoungen d’Spueresécherung, d’Ënnersiche vu Fangerofdréck, d’Vergläiche vun Hoerprouwen an d’Analys an d’Interpretatioun vu Bluttspueren.
LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”