EUSO 2014 zu Athen
Publié le 11/05/2014Lëtzebuerg, repräsentéiert vun de sechs Finaliste vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschafts-Olympiad (dorënner d’Daphne Prosser aus dem LJBM), huet sech op der EUSO (European Union Science Olympiade) zu Athen gutt geschloen: Eis Schüler kruten eng Sëlwer- an eng Bronzemedaill an hu Länner wéi Finnland, Schweden, Frankreich, Spuenien, Belsch an Dänemark hanner sech gelooss. Gewonnen huet Ungarn viru Rumänien an Tschechien.
Weider Fotoen, Videoen, Andréck asw. gëtt et op de Facebook-Säiten LNWO2014 (lëtzebuergesch) an EUSO2014 (international).