European Statistic Competition

Publié le 28/03/2023

4 Ekippen aus dem LJBM hunn un der European Statistics Competition deelgeholl. Ënner 189 Teams konnten sech d’_ALGEBROS_ (Nathan, Misael an Damien vun eiser 2CB) déi exzellent 2. Plaz an hirer Alterskategorie sécheren an d' »Underworld Heroes » (Manon, Leila an Cyriaque vun eiser 3GA3D) hunn eng exzellent 3. Plaz an hirer Alterskategorie realiséiert. D’European Statistics Competition besteet engersäits aus engem Questionnaire iwwer Statistik-Exercicer an anerersäits aus engem Foto-Concours, wou et dëst Joer dorëm goung, d’Theema « Zukunft » ofzebilden an dobäi statistesch Donnéeën ze benotze respektiv auszewäerten. D' »Underworld Heroes » sinn an hirer Foto op d’Temperaturentwécklung an der Stad Lëtzebuerg agaange, wärend d’_ALGEBROS_ d’Entwécklung vum Mont-Blanc an der Vergaangenheet, haut an an Zukunft (generéiert duerch eng kënschtlech Intelligenz) duergestallt hunn. Béid Ekippen hu flott Präisser gewonnen hunn, an d’Foto vun _ALGEBROS_ wäert och an den nächste Wochen am Science Center ausgestallt sinn. Doriwwer eraus vertrieden _ALGEBROS_ Lëtzebuerg bei der europäescher Ronn vun der European Statistics Competition. Mir felicitéieren eise Schüler a sinn houfreg op si! An natierlech drécke mir _ALGEBROS_ d’Daume fir déi nächst Ronn! E Merci geet och eraus un de Coach!