En onvergiesslecht Erliefnes
Publié le 05/10/2023De leschten Donneschdeg, 26.9., haten d’Gewënner vum Concours “Astronaut for a day”, organiséiert vun der Luxembourg Space Agency, déi grouss Éier, un engem 0 G-Fluch deelzehuelen. D’Participanten, dorënner mam Samuel Thommes an dem Misael Ramos 2 Schüler aus dem LJBM, goufe vum Grand-Duc, de Ministere Franz Fayot a Georges Engel souwéi vum Här Aschbacher (Direkter ESA – European Space Agency) an dem Här Serres (Direkter LSA – Luxembourg Space Agency) empfaangen. Duerno goung et op e Parabelfluch mat der “Air Zero G”, wärend deem kuerzzäiteg eng Situatioun vu “Schwerelosigkeit” simuléiert gouf. Et goung bei dësem Event dorëm, Jugendlecher fir de Weltraum ze begeeschteren – fir de Misael an de Samuel war dëst bestëmmt en onvergiesslecht Erliefnes! E grousse Merci un d’LSA a jiddereen, deen dëst Event erméiglecht huet.
(Foto 4&5: ©Novespace/L. Theillet & MECO)