YEP!-Schoulfoire: Héije Besuch op eisem Stand

Publié le 27/04/2023

Hei nach e puer weider Impressioune vun der Yep!-Schoulfoire. Ganz besonnesch gefreet hu mir eis iwwert d’Visitt vun eisem Premierminister Här Xavier Bettel an dem Educatiouns- an Héichschoulminister Här Claude Meisch op eisem Stand an der Welt “Bauen, plangen a gestalten”. Den Här Bettel huet selwer kontrolléiert, datt och alles sou riicht ass, wéi et soll sinn. Merci fir den Intressi!