CONCOURS VIDEO
Publié le 28/06/2018Du bass kreativ a gëss mat den neie Medien gutt eens? Da maach mat a realiséier e kuerze Clip iwwer déi 10 Tabletgesetzer, déi mir am LJBM hunn. De beschte Video gëtt mat engem Präis ausgezeechent a bei der Rentrée an der ganzer Schoul gewisen.De Clip soll déi 10 Tabletgesetzer duerstellen, egal a wéi enger Form a Stil. D’Haaptsaach ass, dass mir de Video dono weise kënnen an dass e fir jiddereen verständlech ass. Tabletgesetzer fannt dir op der Internetsäit vum LJBM.
Ween däerf matmaachen?
All Schüler aus dem LJBM (fakultativ) an op mannst 2 Schüler pro iPad-Klass. Dir kënnt iech eleng oder als Grupp umellen
Dauer vum Clip: ongeféier 90 bis 270 Sekonnen
Sujet: déi 10 iPad-Gesetzer
Support: Videoclip, stopmotion, greenscreen…
Remise vum Clip: den 28. Juni 2018 um 16.00 (schéckt e Link vum Video via Outlook op lydia.alegria@education.lu)
D’Präisiwwerreechung fënnt den 9. Juli beim Direkter am Bureau statt. Lydia ALEGRIA – 05/2018

