Comenius-Treffen zu Baza (Spuenien)

Publié le 25/04/2013

Vum 18.-23. Februar haten dräi Schüler vun der 11TG, d’Diana Battista, de Cédric Kass an de Joé Prange, d’Geleegenheet, am Kader vum COMENIUS-Projet « Schools on the mov(i)e » d’Schoul IES Pedro Jiménez Montoya zu Baza (Andalusien, Spuenien) ze besichen. Hei hu si workshops iwert « dubbing » beluecht. Doderniewt hate si awer och d’Méiglechkeet, méi iwert di spuenesch Kultur gewuer ze ginn an nei Frëndschaften ze knäppen. Begleedt goufe si vun de Professeren Sandra Fratini an Patrick Schmitz.