Chimiesolympiad 2023

Publié le 28/02/2023

Den 31. Januar 2023 hu Schüler aus de Klassen 1CC an 2CB aus dem LJBM un der Chimiesolympiad deelgeholl. E Bravo un all eis Schüler, déi matgemaach hunn, a Gratulatioun un déi 4 Schüler, déi sech ënnert deenen éischte 50 Schüler platzéiert hunn an et soumat bis an d’Halleffinall gepackt hunn: Nathan Carré, Sevan Chrétien, Filip Rolla, Alexi Patoulidis. Mir wënschen hinne vill Gléck an der Halleffinall, déi de 16.03.2023 stattfanne wäert.
LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”