BUILDING GAMES 2016 Excellent 3. Plaz vun onsen 8eMO Schüler
Publié le 06/06/2016E Mëttwoch, 1. Juni 2016, hunn d’8eMO-Schüler onse Lycée bei de Building Games 2016 um IFSB zu Beetebuerg vertrueden. Am Ganze stounge siwe Spiller zum Thema Bau um Programm. Schnellegkeet, Geschécklechkeet, Kraaft, Fachwëssen an Ausdauer ware gefrot. Um Enn hu si eng excellent 3. Plaz vun 8 erreecht a soumat knapp d’Final verpasst, déi den 3. Juni gespillt gëtt. BRAVO! Méi Infos an och d’Endklassement fënnt een op building-generation.lu