BTS Diplomiwwereeschung 2023
Publié le 20/11/2023E Freideg, den 13.10., war e besonneschen Dag fir eis Studenten, déi hir BTS-Formatioun ofgeschloss hunn. Hir Diplomiwwerreechung huet an der Maison du Savoir um Belval stattfonnt. Et war e spezielle Moment, an deem all déi Studente gefeiert goufen, déi hir Formatioun voller Asaz duerchgezunn hunn. Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI) felicitéiert ganz besonnesch dem Gil Lopes Alves, Etudiant méritant vu senger Promotioun, fir säin exzellent Schaffen. Op Grond vu senge ganz gudde Resultater huet den OAI e Prix spécial verginn, dee vum Här Max von Roesgen iwwerreecht gouf. Den LJBM an den OAI gratuléieren nach eemol ganz häerzlech allen Diploméierten zu hirem akademeschen Erfolleg a wënschen och weiderhi vill Succès fir hir berufflech Karriären.