Bouncing Robots mam Makerbuzz
Publié le 06/03/2023Mam MakerBuzz a mat ganz vill Material am Gepäck koumen den Oli an de Gabriel vun der Make it ASBL den 23.2. bei ons an de Lycée, fir mat de 5P-Schüler “Bouncing robots” ze bauen. Si hunn e léierräichen Atelier gebueden, an deem d’Schüler ganz eegestänneg kleng Roboteren zesummegeschrauft hunn, déi duerno hir ganz individuell Choreographie virgefouert hunn. 😀 Eis Schüler an d’Enseignanten haten e flotte Moien voller Iwwerraschungen. 😊