Ausflug vun der 2CC op Stroossbuerg

Publié le 13/07/2022

De 5. Juli 2022 huet d’2CCLC a Begleedung vun hire Chimiesproffen, der Madame Lorang an dem Här Rauen, een Dag zu Stroossbuerg verbruecht. Si hu sech den europäesche Quartier, de « Parc de l’Orangerie » an de Campus vun der Uni ugekuckt. No enger Stäerkung mat leckerer « Tarte flambée » ass et du mam Bateau-mouche iwwert den Ill gaangen, wou een och d‘ « Petite France », dee schéinen alen Deel vu Stroossbuerg, gesäit. Duerno si si duerch de Stadzentrum getrëppelt. Dat gutt Wieder huet sécher derzou bäigedroen, dass et e ganz gelongenen Ausfluch war, un dee si mat Freed zeréckdenken.