Ausfluch 5C2 2021

Publié le 13/07/2021

D’Schüler vun der 5C2 sinn d’Gewënner vun der “Mission Nicht-Rauchen” vum Joer 2021. Hire Gewënn war en Dag um Stauséi, wou si de leschte Méindeg dunn hi waren. Si si Kayak gefuer an hu Stand-up-paddling gemaach. Gestäerkt hu si sech mat engem Barbecue. Si hu sech immens gutt ameséiert a wäerten alleguer gutt Erënnerungen un dee flotten Dag behalen. E grousse Merci schécke si un d’Madamm Schmit fir d’Organisatioun.